Froen, Wäerter, Weeër an d’Zukunft
De Glawen an d'Gespréich bréngen
Jean Ehret
Dësen drëtte Band mat Texter, déi de Glawen an d’Gespréich brénge wëllen, beschäftegt sech mat Fester an Uläss iwwert d’Joer, mat der Sich nom Sënn vum Liewen a mat der Fro no „äise Wàerter“; e versicht, Inhalter aus dem chrëschtleche Glawen opzegräifen an nei an d’Gespréich ze bréngen; di Texter weisen esou éischter Perspektiven op ewéi datt se d’Glawensinhalter am Detail ausleeën. Méi wéi eng Kéier kënnt d’Fro no der Relioun „als Privatsaach“ erëm: dat hänkt och mat der Zäit zesummen, an där dës Texter entstane sinn, bleift awer aktuell.
Den Titel „Froen, Wäerter a Weeër an d’Zukunft weist op dës verschidden Dimensiounen hin; dat éischt Wuert bleift awer „Froen“: keen huet d’Rezept, fir d’Zukunft ze garantéieren, zesumme kënne mer d’Froen besser stellen a kreativ Äntwerten entwéckelen.