D’Tragedie vum Kinnék Wenzel
Massimo Sartini
‘t huet d’Liewen zwëschen Stëbs an Sënn ze wielen:
Wann Stëbs, dann stëmmt et, dass wat steet verdaamt,
Wann Sënn, ass Sënn wat ass soubal mir sinn.
Ass schlofen net méi liicht wéi d’Liicht z’ erwächen?
Ah, schlofen, stoen wéi den Papp, net so’n
„Ech sinn“, ass séisst Vergiessen batter g’néissen.
D’Léift schlofen loossen, blann duerch d’Schlass schéin schleefen,
Net denken, dass den Doud däin Bild bedeit,
Mee dass du onbefreit däin Freier muer
Besichen kënns an Stonnen schenks en puer,
An iwwermuer d’Verlaangen net ze stur.
Firwat soll ech mech Kroun an Kierper ginn?
Ech weess du kënns erëm mat neiem Kleed.
Wann d’Leit och gleewen, wou erkennen si,
Dass Gott net d’Geld, mee d’Gold dat d’Welt begléckt;
Keen muer, keen Honger, einfach alles sinn,
Keen Krich, keng Kierch, mee ouni kréien ginn,
Keen Haass, keng Mauer, wann och Saachen sinn,
Mee go’n an so’n „jo, ech hunn dech gesinn.“
Du Onsichtbart, du Wäisst an Äis gekleet,
Däin Fleesch soll bleech net bleiwen zënter d’Léift
Den fräien Floss duerch d’Biewen rëmerkannt.