Dem Xavier séng Abenteuer / Dem Xavier séng Crise
E Fotoroman a 6 Planchen
James Glabul
De Xavier Premier, Premier vu Luxusburg verschwënnt aus onerklärleche Grënn.
Ass et fir virun der Coronakris fortzelafen oder ass et et verzweifelte Versuch vum Xavier fir d‘ Land virun enger 4ter Well ze schützen.
Onermiddlech reest eise Premier duerch d‘ Weltpolitik fir séng lëtzebuerger Bierger virum schlëmmsten ze behidden.
A 6 Planchen erzielt de Glabul matt geklaute Fotoën aus dem Internet, wéi et wiirklech war, deemools,
an der Coronapandemie zu Lëtzelburg.