Wat hält d'Welt am Ënnersten zesummen? Ass et éischter d'Schoul, sinn et d'Bicher oder ass et d'Wëssen? Oder sinn et awer villäicht de Sex, d'Geld oder d'Muecht? Dës si Froen, déi sech bestëmmt scho vill Leit gestallt hunn. Dës Froe beschäftegen awer och de jonke Jerry, e Premièresschüler, deen net zefridde mat senger Situatioun ass. Op enger wuel eenzegaarteger Rees, sicht de Jerry nom Sënn vum Liewen. Genervt vu senger Famill a vu sengem beschte Kolleeg, verschwënnt hien, fir dat ze sichen an ze fannen, vun deem hien dreemt. Mee ass et wierklech dat, wat hie wëll? Kann hie mat deene Wäerter wierklech glécklech ginn? Oder sinn et awer éischter déi Wäerter, déi seng Elteren him bäibruecht hunn?
Aktualisiert: 2020-07-01
> findR *
Wien hätt dann nach Loscht d'Geschicht vun engem bestuetenen Don Juan ze liesen? Wahrscheinlech keen, mee dat schéinst un de Klassiker ass, wéi eisen Don Juan géif soen, dass hir Lieser ni fäerdeg ginn, iwwert hir Haaptpersonnagen ze phantaséieren.
D'Geschicht vum Don Juan ass eng Legend, déi weltberühmt
Schrëftsteller wéi de Molière oder de Lord Byron wäit iwwerdauert huet. Et zielt ee schonn net méi all déi Theaterstécker, Romaner, Gedichter, déi geschriwwen, oder all déi Filmer, déi iwwert hie gedréint gi sinn. Wat fir ee Personnage wier dann de Don Juan am eenanzwanzegste Joerhonnert? Kann en Atheist, an enger Zäit, déi Schwieregkeeten huet, u Gott ze gleewen, oder e Fraenheld, an enger Zäit, wou d'Frae grad esouvill friemginn ewéi d'Männer, iwwerhaapt nach schockéieren? Dat sinn nëmmen e puer vun deene Froen, déi Namasté sech bei dësem Stéck gestallt huet. En Don Juan op d'Bühn ze bréngen, deen nieft sengem Talent als Verführer, och mënschlech Swächte weise oder zougi kann, dat war eist Zil an eis Äntwert. E Papp, dee seng Feeler an der Erzéiung vu sengem Meedche Juanita erkennt, e Liebhaber, deen därmoossen am Leed ass, well hien, virun zwanzeg Joer, dem Anne, d'Mamm vu sengem Meedchen, esou wéi gedoen huet, wäert hien et fäerdegbréngen d'Juanita erëm op déi richteg Bunn ze bréngen an domat de Flamen vun der Häll z'entgoen?
Aktualisiert: 2022-04-23
> findR *
D’Lea ass esou schéin a sou stolz wéi keng aner Fra aus ganz Florenz, vu wou si hierkënnt. Si gläicht éischter der Venus wéi enger stierflecher Fra. An de Philip, nach méi verléift wéi de Pygmalion selwer, wier och nach amstand säi Liewen hierzeginn, fir e Kuss vun hir ze kréien. Wéi am Krich ass d’Geld dat, wat an der Léift den onséchere Sig sécher keeft, d’Schlässer opbrécht, iwwer Mauer a Buerg klëmmt, Wiechter aschléifert, Dénger an Déngschtmeedercher zum Schwätzen oder zum Schweige bréngt. Näischt lackelt méi wéi d’Geld. Mee andeem de Philip seng Sue fir si zur Fënster geheit huet, huet hie sech nach glécklech geschätzt. Nëmmen, dat war alles fir näischt ; alles wat hie kritt huet war en dréchene Kuss op d’Hand, e kuerze Merci, en aarmséilege Luef, e seelene Säitebléck.
Aktualisiert: 2022-04-20
> findR *
‘t huet d’Liewen zwëschen Stëbs an Sënn ze wielen:
Wann Stëbs, dann stëmmt et, dass wat steet verdaamt,
Wann Sënn, ass Sënn wat ass soubal mir sinn.
Ass schlofen net méi liicht wéi d’Liicht z’ erwächen?
Ah, schlofen, stoen wéi den Papp, net so’n
"Ech sinn", ass séisst Vergiessen batter g’néissen.
D’Léift schlofen loossen, blann duerch d’Schlass schéin schleefen,
Net denken, dass den Doud däin Bild bedeit,
Mee dass du onbefreit däin Freier muer
Besichen kënns an Stonnen schenks en puer,
An iwwermuer d’Verlaangen net ze stur.
Firwat soll ech mech Kroun an Kierper ginn?
Ech weess du kënns erëm mat neiem Kleed.
Wann d’Leit och gleewen, wou erkennen si,
Dass Gott net d’Geld, mee d’Gold dat d’Welt begléckt;
Keen muer, keen Honger, einfach alles sinn,
Keen Krich, keng Kierch, mee ouni kréien ginn,
Keen Haass, keng Mauer, wann och Saachen sinn,
Mee go’n an so’n "jo, ech hunn dech gesinn."
Du Onsichtbart, du Wäisst an Äis gekleet,
Däin Fleesch soll bleech net bleiwen zënter d’Léift
Den fräien Floss duerch d’Biewen rëmerkannt.
Aktualisiert: 2019-03-20
> findR *
I, 1Am 'Wëlle Mann ', e Bistro an der Metzlerstrooss zu Lëtzebuerg. Owes.Johnny SoffAss d’Zäit zeideg schonn?Mätti MielmattesDer Däiwel! Wéi déif muss du gefall sinn, fir no der Zäit vum Dag ze froen. Ausser d’Stonne wieren zwielef Stécker gebrodent Fleesch, d’Minutte siechzeg Pätt roude Wäin, d’Zären de Wee, deen dech an den nächste Cabaret zitt, jo, déi gutt al Sonn selwer eng blond wëlleg Houer am wäissen duerchsiichtege Kleed, gesinn ech net an, firwat s du sou blöd Froe solls stellen, wéi déi no der Zäit vum Dag.Massimo Sartini
Aktualisiert: 2019-03-20
> findR *
MEHR ANZEIGEN
Bücher von Sartini, Massimo
Sie suchen ein Buch oder Publikation vonSartini, Massimo ? Bei Buch findr finden Sie alle Bücher Sartini, Massimo.
Entdecken Sie neue Bücher oder Klassiker für Sie selbst oder zum Verschenken. Buch findr hat zahlreiche Bücher
von Sartini, Massimo im Sortiment. Nehmen Sie sich Zeit zum Stöbern und finden Sie das passende Buch oder die
Publiketion für Ihr Lesevergnügen oder Ihr Interessensgebiet. Stöbern Sie durch unser Angebot und finden Sie aus
unserer großen Auswahl das Buch, das Ihnen zusagt. Bei Buch findr finden Sie Romane, Ratgeber, wissenschaftliche und
populärwissenschaftliche Bücher uvm. Bestellen Sie Ihr Buch zu Ihrem Thema einfach online und lassen Sie es sich
bequem nach Hause schicken. Wir wünschen Ihnen schöne und entspannte Lesemomente mit Ihrem Buch
von Sartini, Massimo .
Sartini, Massimo - Große Auswahl an Publikationen bei Buch findr
Bei uns finden Sie Bücher aller beliebter Autoren, Neuerscheinungen, Bestseller genauso wie alte Schätze. Bücher
von Sartini, Massimo die Ihre Fantasie anregen und Bücher, die Sie weiterbilden und Ihnen wissenschaftliche Fakten
vermitteln. Ganz nach Ihrem Geschmack ist das passende Buch für Sie dabei. Finden Sie eine große Auswahl Bücher
verschiedenster Genres, Verlage, Schlagworte Genre bei Buchfindr:
Unser Repertoire umfasst Bücher von
- Sartiono, Anneli
- Sartisson, Vadim
- Sarto, Clelia
- Sarto, Pietro
- Sarto, Stefano di
- Sarto-Waltera, Simone
- Sarton, Jean-Jacques
- Sarton-Saretzki, Edgar
- Sartor, A.M.
- Sartor, Carsten
Sie haben viele Möglichkeiten bei Buch findr die passenden Bücher für Ihr Lesevergnügen zu entdecken. Nutzen Sie
unsere Suchfunktionen, um zu stöbern und für Sie interessante Bücher in den unterschiedlichen Genres und Kategorien
zu finden. Neben Büchern von Sartini, Massimo und Büchern aus verschiedenen Kategorien finden Sie schnell und
einfach auch eine Auflistung thematisch passender Publikationen. Probieren Sie es aus, legen Sie jetzt los! Ihrem
Lesevergnügen steht nichts im Wege. Nutzen Sie die Vorteile Ihre Bücher online zu kaufen und bekommen Sie die
bestellten Bücher schnell und bequem zugestellt. Nehmen Sie sich die Zeit, online die Bücher Ihrer Wahl anzulesen,
Buchempfehlungen und Rezensionen zu studieren, Informationen zu Autoren zu lesen. Viel Spaß beim Lesen wünscht Ihnen
das Team von Buchfindr.